En Donneschdeg den Owend huet den FC Déifferdeng 03 den Allersmatch vun der 3. Qualifikatiounsronn an der Conference League géint Levadia Tallinn gespillt.
Nodeems um Findel dat traditionellt «Moien»-Schëld verschwonnen ass, huet d'ADR d'Regierung zu hire Verspriechen am Koalitiounsaccord befrot.
Wann emol d’Bank oder Luxtrust urifft, soll een op Zäit spillen. Ënnert anerem dat réit den Direkter vun der Banquiersassociatioun ABBL.
Mam Virement instantané sinn d'Sue bannent zéng Sekonnen vun engem Kont op deen aner iwwerwisen - an dat och ausserhalb vun de Bürosstonnen...
E Mëttwoch de Moien huet d'Police um CR181 vu Stroossen a Richtung Briddel eng Vitesskontroll duerchgefouert.
Zanter en Donneschdeg gëlle jo nei Stroftaxe vun der US-Regierung géint Importer aus am Ganze 67 Länner.
Wéinst engem sexuellem Iwwergrëff op engem Wäifest gouf e Mann an éischter Instanz zu 15 Méint Prisong mat Sursis a 5.000 Euro Geldstrof verurteelt.
Zwar wier déi rezent Serie vu globalen Temperaturrekorder virop ënnerbrach, ma dat géing awer net heeschen, datt de Klimawandel gestoppt gi wier.
Nodeems d'Police eng Läich am Westerwald fonnt huet, gëtt elo gepréift ob et sech dobäi ëm den zanter Méint gesichten Dräifachmäerder vu Weitefeld handelt.
Zënter e Méindeg den Owend gëtt de Bob Tiberi vermësst. Hien ass tëscht 180 an 190 cm grouss, schlank an huet kuerz blond Hoer.
Wéinst engem Groussasaz op der Gare zu Leideleng ass den Zuchtrafic tëschent der Stad an Dippech-Reckeng den Ament ënnerbrach. Et fueren Ersatzbusser.
De 6. August 1945 ass een Dag, deen an d'Geschicht agaangen ass. Haut viru genee 80 Joer gouf fir d' éischte Kéier eng Atombomm an engem Krich agesat.
Op der Indiaca-Weltmeeschterschaft zu Tartu an Estland hunn d'Lëtzebuerger Hären an der Kategorie Open all hir Matcher an der Qualifikatioun gewonnen.
Wien an den nächsten zwou Woche moies tëscht Angelsbierg a Schous mam Auto ënnerwee ass, kéint e bësse Gedold brauchen.
Lëtzebuerg ass staark vertruede bei de World Aquatics Masters Championships zu Singapur, wou 21 Schwëmmer aus siwe Veräiner a 76 Disziplinnen untrieden.
E Fësch, deen aus der Loft vun engem Fëschaadler op eng Héichspannungsleitung fale gelooss gouf, soll a Kanada e Feier ausgeléist hunn.
Huet d’Spuerkeess d’Chamber an der Caritas-Spezialkommissioun beduckst, well se näischt vun der CSSF-Amende sot?
Nom Diesel a Masutt ass et en Donneschdeg um 95er an 98er Bensinn.
Den amerikanesche Rapper Sean «Diddy» Combs, hofft no senger Verurteelung wéinst Sexualdelikter, dass hie vum President Donald Trump begnodegt gëtt.
Géint 17.20 Auer Méindegowend ass et zu Traben-Trarbach an der Enkircherstraße zu engem schwéieren Iwwerfall komm.
De beléiften däitsche Sportjournalist Ulli Potofski ass no schwéierer Krankheet e Sonndeg gestuerwen, dat am Alter vun 73 Joer.
D’Spuerkeess behaapt an engem Communiqué e Mëttwoch nach emol, datt d’Amende, déi se vun der Finanzopsiicht CSSF krut, näischt mat der Fraude ze dinn hätt.
D’Veterinärsopsiicht Alva confirméiert e Fall vun der sougenannter Newcastle-Krankheet bei enger wëller Dauf zu Mutfert.
China huet eng nei Generatioun vu bewaffnete «Roboter-Wëllef» presentéiert, déi an Zukunft d'Roll vu mënschlechen Zaldote sollen iwwerhuelen.
Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten en Dënschdeg den Owend, wéi sech géint 18.40 Auer zwee Autoen zu Gaasperech ze pake kruten.
Si mengen, déi Responsabel vun der BCEE hätten d'Caritas-Spezialkommissioun beduckst.
De Belsch Remco Evenepoel wiesselt fir d’nächst Saison vun der Equippe Soudal/QuickStep eriwwer bei déi däitsch Formatioun Red Bull Bora Hansgrohe.
Am Südweste vu Frankräich ass den Ament e schlëmme Bëschbrand amgaangen.
De Kontroll-Ausschoss am Representantenhaus zu Washington D.C. verlaangt, dass déi ominéis «Epstein-Dossiere» public gemaach ginn.
De fréiere portugiseschen Nationalspiller a Kapitän vum FC Porto Jorge Costa ass am Alter vun 53 Joer gestuerwen.
Am Laf vum Dënschdegnomëtteg ass et uechter d'Land zu dräi Accidenter komm, bei deene Leit blesséiert goufen.
Praktesch jiddwereen ass eemol am Liewen dermat confrontéiert: Ee Kriibsfall an der Famill oder am Frëndeskrees.
Zanter Jore gëtt d'Situatioun am Great Barrier Reef virun Australien ëmmer méi schlecht. Elo huet d'Ofstierwe vu Korallen hei e Rekord-Aussmooss erreecht.
Véier Méint laang hunn d'Rekrutte bei der Arméi d'Grondlage vum Militär kenne geléiert. Hiert Kënnen hu si an engem finalen Exame misse beweisen.
Beim Ongléck am Juni 2023 koume fënnef Leit ëm d'Liewen, dorënner de Chef vun OceanGate an ee bekannte Mieresfuerscher.