Virale Video iwwerpréift: Et gouf e Fall vun Déieremësshandlung, awer net an der Groussregioun
- Words
- 697
- Chars
- 4365
- AI summary
- No
Virale Video iwwerpréift Et gouf e Fall vun Déieremësshandlung, awer net an der Groussregioun E Video huet am Oktober den Tour an de Soziale Medie gemaach. Heidra gesäit een e jonke Mann, deen e klengen Hond mësshandelt a mam Fouss rennt. Ufank der Woch krute mer e Video vun enger Userin erageschéckt, op deem een erkenne kann, wéi e jonke Mann e klengen Hond esou fest mam Fouss rennt, datt dëse sech iwwerschléit. D'Déier, offensichtlech blesséiert a schockéiert, humpelt dono fort a jault vu Péng. Et gesäit ee weider am Video, wéi den Täter a seng Begleederin sech iwwer dës Situatioun lëschteg maachen. D'Userin huet d'Redaktioun gefrot, ob RTL dës Situatioun iwwerpréiwe kéint. Am Kader vum EDMO-Projet , bei deem RTL jo Partner ass, gi mer esou Affären no an iwwerpréiwen d'Echtheet vum Contenu an de Fakten. Tëschefall net an der Groussregioun geschitt Net just RTL oder aner Medienhaiser kruten dëse Tëschefall gemellt, ma och verschidde Policebüroe goufen mat dësem oder änleche Fäll confrontéiert. D'Police, déi fir d'Regioun ëm Arel hei vir an der Belsch zoustänneg ass, huet en Dënschdeg op hire Soziale Medie kloergestallt, datt een eng Affär vun Déieremësshandlung gemellt krut. Dës a...
Open article