De Commentaire vum Annick Goerens: Bankrott-Erklärung fir de Sport
Et war déi sportlech Kontrovers vum Weekend. D'Marie Schreiber huet am Sprint d'Course vun der Cyclocross-EM an Holland fir sech decidéiert. No der Course gouf d'Lëtzebuergerin awer vum Jury op déi zweet Plaz zréckgestuuft, well si hir Konkurrentin Lucinda Brand beim Sprint soll gehënnert hunn. D'Aart a Weis wéi dat Ganzt geschitt ass, dreift eis Journalistin Annick Goerens och e puer Deeg duerno nach op d'Palm.