Regroupement familial : Passerell huet kloer Fuerderungen un de Minister Gloden
"D’Erklärunge vum Minister Gloden ginn eis net duer!" Dat seet d’ASBL Passerelle, déi sech hei am Land fir d'Rechter vun Asyldemandeuren asetzt. A Punkto Regroupement familial géif net just de legalen Delai net agehale ginn, et géife keng valabel Argumenter benotzt ginn an och Detailer bei de Chiffere feelen.