Entdeckt d'Ausstellung bei eis um Kierchbierg: Kuckt hannert d'Kulisse vum Journalismus!
Wéi fënnt een eraus, ob eng Informatioun zouverlässeg ass? Wéi entsteet eng Aktualitéit? A wéi behält een den Iwwerbléck an enger Welt voller Neiegkeeten um Internet an op de soziale Medien? Vum 22. September bis den 30. Oktober kënnt Dir an der interaktiver Expo "À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous" hei bei eis um Kierchbierg op dës an aner Froen Äntwerte kréien. D’Entrée ass gratis, et muss ee sech awer umellen.
Read full article →