Carte blanche vum Carlo Thelen: Europa stäerken duerch eng massiv Vereinfachung
Zanter Jore gi mir reegelméisseg drun erënnert, wéi wichteg eng staark Zesummenaarbecht an Europa ass. Dat gëllt net nëmme fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg, mee och fir déi méi grouss Memberstaaten, well och si sinn ze kleng, fir déi aktuell global Erausfuerderungen isoléiert unzegoen. An dës Erausfuerderunge si gewalteg. All Dag héiere mir an de Medien, wéi Europa op der Weltbün an d'Hannertreffe geroden ass, sief et an der AI, der Defense, den Energiefroen, der Automobil-Industrie asw.