All Verännerung wier wichteg: Nei Broschür zum Theema Alkoholkonsum bei eelere Leit soll zum Nodenken ureegen
Och bei eelere Leit ass et ni ze spéit, fir ee Changement, wann et ëm de Konsum vun Alkohol geet. Dofir huet d'Aarbechtsgrupp "Santé mentale et vieillissement" eng Sensibiliséierungsbroschür entwéckelt, wou si genee op dat Theema opmierksam mécht, mam Titel "L’alcool chez les personnes âgées: Comprendre les risques pour préserver sa Santé".