Wéi kënne Betriber sech schützen?: Cyberattack op Supermarchéen
Et ass eng Nouvelle, déi verschiddener amuséiert huet, vill anerer si besuergt: Ufank der Woch goufen a Frankräich eng 300 Butteker vu verschiddene Supermarchés-Enseignen Affer vun enger Cyberattack. Esou datt Frigoen an Tifküler gehëtzt aplaz gekillt hunn. Vill Liewensmëttel ware fir d'Poubelle. E Schued a Milliounen-Héicht. Wier esou eppes och am Grand-Duché méiglech ? Jo warnen IT- Experten.