"Dat si Faschisten": Lëtzebuerg op AfD-Kaart als däitschen Territoire duergestallt
Si Lëtzebuerg, den Elsass, Éisträich an Deeler vun Italien an der Schwäiz a Wierklechkeet däitsch Territoiren? Dat op d'mannst suggeréiert eng Kaart, déi ee Member vun der rietsextreemer däitscher Partei AfD op der Plattform X gepost huet.