En neie Super-Computer fir d'KI gëtt gebaut: LuxConnect feiert 20 Joer, eng Success Story mat grousse Pläng fir d'Zukunft
20 Joer sinn et hier, datt d'Regierung d'Entscheedung geholl huet, selwer an en Datenzenter, respektiv a Glasfaser z'investéieren. Haut steet fest, de Projet LuxConnect gouf zu enger Success Story. Op technologeschem Plang, an awer och kommerziell.