E Samschdeg den Owend géint 20 Auer huet d'Police eng Drogekontroll am Garer Quartier duerchgefouert.
Den Accès bei den iwwer 1.200 Meter héije Vulkan Vesuv ass den Ament wéinst engem Bëschbrand gespaart.
DJ's aus dem Lokalen awer och international Gäscht hunn un den Turntables an un der Stëmmung vun de Leit gedréint.
Wéinst der Kris gouf a villen Deeler vun Teheran an an iwwer 50 anere Stied d'Waasser fir 24 bis deels 48 Stonnen einfach ofgestallt.
Ronn 4.000 Persoune si bei de fréiere Wunnuert vum Youtuber «Drachenlord» gepilgert, deen ëmmer nees am Viséier vu sougenannten «Hater» steet.
D'Hëtzt huet Frankräich weider am Grëff. Den Héichpunkt vun der aktueller Hëtztwell soll Ufank d'nächst Woch erreecht ginn.
Um Sonndeg kuerz virun 2 Auer gouf d'Police informéiert, dass zu Märel an der Rue de Longwy an der Rue de Merl eng Persoun géif Autosfënstere futti schloen
Vum 6. bis den 9. August war zu Herne an Däitschland déi 15. Editioun vun der U24-Weltmeeschterschaft.
Vu Fotoe bei de Film: där gi jo méi dacks hei am Land gedréit, esou viru Kuerzem och hei bei eis am Haus: de Filmset fir d’Serie «Droneland» war an den RTL-Studioen installéiert.
Bis den 21. August sinn an de Rotonden d’Congés annulés. Véier Woche Musek a Party sollen déi méi roueg Summerzäit, fir déi, déi net an d’Vakanz fueren, méi lieweg maachen. All Dag kritt een hei aner Concerte gebueden.
Bei enger Maniff an der Stad géint den Ukrain-Krich huet de Jeannot Ries nogefrot, wat d'Ukrainer iwwer d'Gespréicher tëscht dem Trump an dem Putin denken.
De Beruff vum Osteopath ass nach «relativ» nei. An awer zielt Lëtzebuerg mëttlerweil 397 Osteopathen.
E Freidegowend huet et an der Moschee-Kathedral an der spuenescher Stad Córdoba gebrannt. Vill Leit hate schonn Angscht, d'Gebai géing zerstéiert ginn.
Den Titel kléngt zwar net direkt no enger Éierung, ma de Concours vum «ellensten Hond vun der Welt» wëll weisen, datt och «ellen» Hënn schéi Säiten hunn.
De Premierminister vun Armenien an de President vun Aserbaidjan hunn am Wäissen Haus eng Friddenserklärung ënnerschriwwen.
De fréiere US-Astronaut Jim Lovell, Kommandant vun der legendärer Apollo-13-Missioun, ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen.
An der Nuecht op e Samschdeg war e Chauffer wéinst enger Policekontroll geflücht. D'Course poursuite koum zu Nidderkuer no e puer Kollisiounen op en Enn.
D'Monnerecher Pompjeeën hunn um Samschdeg an der Mëttesstonn mussen an den Asaz, nodeems zu Féiz e Vël'OK Feier gefaangen hat.
An der Nuecht op e Samschdeg huet zu Uewerkuer an der Avenue Charlotte en Haus gebrannt.
Um Freideg waren zu Tartu an Estland als éischt d'Halleffinallen um Programm, iwwerdeems e Samschdeg ëm Medaile gekämpft gëtt.
E Freideg den Owend, kuerz virun Hallefnuecht krut d'Police eng Kläpperei tëscht zwou Persounen zu Esch gemellt.
Um 2 Auer krut d'Police e Samschdeg an Abroch an en Auto an der rue de Montmedy zu Bouneweg gemellt.
Den amerikanesche President hat et schonn ugekënnegt an elo ass et och offiziell. De 15. August gesi sech den Donald Trump an de Vladimir Putin an Alaska.
E Freideg géint 17.30 Auer sinn op der A4 Direktioun Esch, tëscht Leideleng-Süd a Steebrécken zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
D'geplangten Entféierung vun engem Wäschbier an Däitschland ass an der Nuecht op en Donneschdeg gescheitert – d'Täter si geflücht, dem Déier geet et gutt.
Am Juni huet de Regierungsrot e Projet de loi guttgeheescht, dee Changementer beim sougenannte Regroupement familial virgesäit.
Méi séier, méi präzis a méi kompetent wéi jee: mat ChatGPT-5 probéiert OpenAI, nei Moossstief an der Kënschtlecher Intelligenz ze setzen.
Dräi Persoune goufen an Accidenter e Freideg am fréie Mëtte blesséiert, mellt de CGDIS.
Vum 4. bis den 8. August war an der Kockelschéier den Äxellence Camp, dee vum Club Hiversport-Patinage Luxembourg organiséiert gouf.
An de fréie Moiesstonne vum Donneschdeg haten Täter Maschinnen aus enger Camionnette an der Stad geklaut a sech dono duerch d'Bascht gemaach.
Den Israeelesche Premier Netanjahu huet annoncéiert, d’Kämpf am Palestinensergebitt ze verschäerfen an auszebreeden, fir esou Gaza-Stad anzehuelen.
Apple erhéicht seng US-Investitiounen op 600 Milliarden Dollar – eng Annonce déi de CEO Tim Cook mat engem 24-Karat Gold-Cadeau un den Trump gefeiert huet.
De lëtzebuergesche Profi-Cyclist Kevin Geniets (Groupama–FDJ) ass d'lescht Woch bei der Clásica San Sebastián schwéier gefall.
Däitschland huet als Reaktioun op déi geplangte militäresch Eskalatioun vun Israel an der Gazasträif en deelweisen Exportstopp vu Waffen decidéiert.
D'Stad Gaza ageholl an d'Hamas entmilitariséiert ginn. Déi Decisioune goufen an der Nuecht op e Freideg vum israeeleschen Sécherheetscabinet guttgeheescht.