Well hien honnerte Schildkröten aus den USA a Richtung Hongkong schmuggele wollt, kéint ee Chinees an den USA elo bis zu fënnef Joer Prisong riskéieren.
Der Police goufen nees Fäll gemellt, bei deene sech Krimineller als falsch Police-Beamten oder falsch Bank-Beamten ausginn hunn.
D'Logementspolitik ass u sech schonn eng Erausfuerderung. Eng Aufgab, déi nach méi schwéier ass, wann ee keng Donnéeën iwwer d'Zuel vun de Wunnengen huet.
D'Spuerkeess wier bereet Vertrieder vun der Direktioun, mee och technesch Experten an d’Kommissioun ze schécken.
Um kuerz no 18 Auer e Méindeg den Owend koum et an der Beforterstrooss zu Eppelduerf zu dësem Accident.
Den US-Popstar Taylor Swift huet hiren 12. Album, mam Numm «The Life of a Showgirl» annoncéiert.
Et géif net nëmmen ëm d’Sécherheet vun der Ukrain goen, mee ëm d’Sécherheet vum ganzen Europäesche Kontinent.
Hien hat déi lescht Woch e schrecklechen Accident an der Géigend vun der Leidelenger Gare, deen hien net iwwerlieft huet.
E Mëttwoch kann et tëscht 13 an 19 Auer zu deels héijen Temperaturen am Land kommen, dat virun allem am Süde vum Land.
Op der kapverdescher Insel São Vicente sinn no Starkreen an der Nuecht op e Méindeg op d'mannst siwe Persounen ëm d’Liewe komm.
Hien hat déi lescht Woch e schrecklechen Accident an der Géigend vun der Leidelenger Gare, deen hien net iwwerlieft huet.
Stater Attraktioune wéi d'Kasematten, d'LUGA an d'Palaisvisitten zéien och dëst Joer nees vill Visiteuren un.
Den US-President schwätzt um Méindeg 4 Deeg virun der Entrevue mam russesche President am Alaska vun engem «Sondéierungsgespréich»
An der Gemeng Suessem an zu Esch-Uelzecht sinn zanter e Méindeg zwee elektresch, autonom CFL-Busser ënnerwee.
De Luc Holtz gëtt eisen Informatiounen no um Dënschdeg de Moie virgestallt.
Op der N11 koum et ëm kuerz viru 16 Auer zu engem schroen Accident tëscht engem Vëlo an engem Camion, dat op der Héicht vum Méchelshaff.
Enn Juli huet d’Bankenopsiicht CSSF eng Strof géint d’Spuerkeess an Héicht vu 5 Milliounen Euro geschwat.
Den Ëmweltminister huet confirméiert, datt invasiv Déierenaarten am Brakeweier op der Kockelscheier am Kader vun de Botzaarbechten dout gemaach ginn.
D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet per Communiqué matgedeelt, datt de Kontrakt mam Nationaltrainer opgeléist gouf.
Nom 95er an 98er Bensinn leschten Donneschdeg gëtt ëm Hallefnuecht elo och den Diesel e bësse méi bëlleg.
Am Zoo zu Gelsenkirchen huet eng ganz besonnesch Äisbierin gelieft. Obwuel si net ganz grouss ginn ass, ass si vill méi al gi wéi hir Aartekomeroden.
Den internationale Sportgeriichtshaff CAS huet den Appell vum aktuellen FA-Cup-Gewënner ofgewisen.
E spektakuläre Video aus dem südchineesesche Mier weist, wéi zwee chineesesch Schëffer bei der Poursuite vun engem philippinnesche Boot kollidéieren.
Sonn, Sonn, a Sonn, wat brauch ee méi! Keng Drëps Reen, keng Canicule, keng Wiederwarnung: et war a Punkto Wieder definitiv méi wéi perfekt, an dat huet sech och um drëtten Dag vum Iechternacher Festival gewisen.
Dem US-Nato-Ambassadeur Matthew Whitaker no ass et méiglech, datt den ukrainesche President bei der Entrevue tëscht Trump a Putin dobäi kéint sinn.
E Sonndeg de Moie war der Police gemellt ginn, dass zu Bouneweg ënnert anerem eng E-Trottinett aus enger Garage geklaut gouf.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf e Mann ofgefouert, deen an engem Café zu Diddeleng Clientë belästegt hat. Och um Policebüro wollt hie sech net berouegen.
Fir den Ufank vun der neier Saison ze promouvéieren, léisst d'FLBB déi éischt dräi Partië vum Championnat um INS ausdroen.
Rezenten Zuele vum däitschen Inneministère no si vill Kanner a Jugendlecher vun Expulsiounen aus Däitschland betraff.
Bei enger israeelescher Attack op d'Stad Gaza goufen dem kataresche Sender Al-Dschasira no fënnef Journalisten ëmbruecht, dorënner e bekannte Reporter.
Dës Woch gëtt et am Grand-Duché nees méi waarm. Meteolux warnt virun Temperaturen tëscht 31 an 33 Grad um Dënschdeg.
Den Trend zum Invest spiert een och hei am Land. Angscht virun der Online-Konkurrenz hunn d'Lëtzebuerger Banken awer net.
Bei engem Äerdbiewen am Weste vun der Tierkei ass op d'mannst ee Mënsch ëm d'Liewe komm, 29 weiderer goufe blesséiert.
Zejoert goufe sechs Tonnen eidel Laachgasbehälter uechter d’Land entsuergt. Dräimol esou vill wéi nach dat Joer virdrun, ënnersträicht d’Superdreckskëscht.
E Méindegmoie mellt de CGDIS zwou Interventiounen. Deemno hat zu Diddeleng en Auto gebrannt an zu Weilerbaach gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss.