De Wolodymyr Selenskyj gëtt begleet vun enger Rei europäesche Spëtzepolitiker, déi sech alleguerten um Somment zu Washington am Wäissen Haus treffen.
Ënner anerem wéinst Sprengstoff-Uschléi, Drogenhandel a weidere Strofdoten ass de presuméierte Kapp vun enger krimineller Band zu Köln ugeklot ginn.
Faarweg Luuchten, geckeg Spiller, vill Musek an de Geroch vun ënnerschiddlechstem Iessen... Dat erwaart d'Leit nees vun e Freideg un.
Nodeems Diesel a Masutt scho virun enger Woch méi bëlleg gi sinn, ass et en Dënschdeg um Hallefnuecht eng weider Präisbaisse.
Vun den 3.541 Dokteren – Generalisten, Spezialisten an Zänndokter - déi zejoert hei am Land praktizéiert hunn, hu sech 430 am Bezierk Norden néiergelooss.
Bei sengem Debut op de US Open huet sech de Chris Rodesch misse géint de Coleman Wong vun Hongkong geschloe ginn.
E Samschdeg huet d'Police souwuel zu Esch, wéi och zu Welfreng musse Persounen opsichen, déi sech a Wunnengen opgehalen hunn, wou se net duerfte sinn.
E Méindeg de Moie waren am Bësch um Kierchbierg hannert dem RTL-Gebai zwou Patrulle vun der Police ënnerwee.
En Donneschdeg ass et zu enger Sécherheetsverletzung bei der Atomzentral vu Cattenom komm – eng wierklech Gefor hätt awer net bestanen, sou de Communiqué.
D'Lëtzebuerger Musekszeen ass an Trauer nodeems de Weekend d'Meldung koum, dass de Batteur a Gittarist Chris Belardi am Alter vun 43 Joer gestuerwen ass.
D'Gewerkschaft vun den Apdikter verlaangt eng méi héich Indemnitéit fir de Gard-Déngscht ze couvréieren, wéi déi zoustänneg Ministesch confirméiert.
Nieft zwee Bränn an der Nuecht op e Méindeg, gouf et och nach zwee Accidenter, respektiv e weidere Brand um Sonndeg am Nomëtteg, respektiv owes.
Wéi all Joer versammelt sech d'Videospill-Industrie um Enn vum Summer zu Köln fir d'Gamescom – déi weltwäit gréisste Foire fir Videospiller.
An der Fachzäitschrëft «European Heart Journal» gouf eng nei Etüd verëffentlecht, a Relatioun mat Konsequenzen no enger Covid-Infektioun.
Et ass eng formidabel Zäit fir Gauner. Am digitalen Zäitalter kennt d'Kreativitéit vun de Kriminelle bal keng Grenzen.
Nieft zwee Bränn an der Nuecht op e Méindeg, gouf et och nach 2 Accidenter, respektiv e weidere Brand um Sonndeg am Nomëtteg, respektiv owes.
Den Terence Stamp ass am Alter vu 87 Joer gestuerwen. Dat deelt seng Famill mat.
De CGDIS mellt zwee Accidenter e Sonndeg de Mëtten op eise Stroossen.
Um Bouneweger Verluerekascht stinn, vis à vis vum Unionsterrain, eng ganz Rëtsch Gebaier aus de 1950er eidel.
De Juli 2025 war weltwäit den drëttwäermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Am Internet mécht e Screenshot vun engem Artikel mat der Iwwerschrëft «Juli gëtt global wäermste Mount zënter Joerdausenden» d'Ronn. Notzer hunn d'Medien an dësem Zesummenhang der Panikmaacherei a Bezuch op de Klimawandel beschëllegt - virun allem wéinst de ville Reendeeg an Deeler vun Europa am Summer 2025.
Am DFB-Pokal kenne sech ënnert anerem Fürth, Gladbach a Köln fir déi nächste Ronn qualifizéieren. A Frankräich deele sech Brest a Lille d'Punkten.
Kuerz nom Depart vun der griichescher Insel Korfu op Düsseldorf hunn d'Piloten e Samschdeg en Alarm kritt, dass si e Problem mat enger Turbinn hätten.
An Israel hunn e Sonndeg dausende Leit fir en Enn vum Krich an der Gazasträif a fir d'Fräiloosse vun de Geiselen demonstréiert, déi nach festgehale ginn.
D’EU-Memberlänner an aner Alliéiert vun der Ukrain sinn e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer an enger Videokonferenz beienee komm.
Am Norde vum Land goufen e Samschdeg de Mëtteg zwee Motocycliste blesséiert, wou si mat hirer Maschinn gefall sinn.
Hamburg a St. Pauli hate Krämpes, fir an déi nächst Ronn ze kommen. An England ass Tottenham mam 3:0 géint Burnley e gudde Start gelongen.
An der Nuecht vum 11. August koum et op de kapverdeschen Insele São Vicente a Santo Antão zu engem Tropestuerm mat staarken Iwwerschwemmungen.
Eppes schéngt sécher: de 15. August begéint een der Liichterpressessioun am Trëntengerdall nach méi wéi eemol.
E Freideg ass zu Cour-et-Buis am Norde vum Département de l'Isère eng illegal Rave-Party mat engen 1.000 Leit lassgaangen, heescht et vun de Autoritéiten.
Bei enger Kontroll op der A13 waren 20 Automobilisten vill ze séier ënnerwee. 4 vun hinne kruten nach op der Plaz de Permis ofgeholl.
De KI-Chatbot vu Meta steet wéinst ëmstriddene Richtlinnen an der Kritik. An den USA wëll een elo dogéint virgoen.
En «Deal» tëscht Moskau a Kiew wier no bäi, sot den Donald Trump no der Reunioun mam Wladimir Putin. De Xavier Bettel reagéiert virsiichteg.
Bei der Lagerung oder Produktioun vu Munitioun enger Fabrick an der Regioun Rjasan sinn op d'mannst 9 Persoune gestuerwen.
Lues awer sécher kënnt den internationale Futtball nees un d'Rullen.
Duerch d'Disqualifikatioun konnten 30 Dammen net un den Depart vum Tour de Romandie féminin goen.