D'Police huet e Freideg den Owend an e Samschdeg de Moien Alkoholkontrollen op enger Rei Plazen an der Stad gemaach.
E Freideg huet den Donald Trump gemengt, hie géif elo mol ofwaarden ob et iwwerhaapt zu engem Treffen tëscht Wladimir Putin a Wolodymyr Selenskyj kënnt.
An engem Fräizäitpark an de franséische Pyrenäen ass et zu engem diskriminéierende Virfall komm.
De CGDIS mëllt 1 Blesséierten an der Nuecht op e Samschdeg.
D'Maxwell huet ënnert anerem ausgesot, si hätt ni en onpassend Verhale vum US-President Donald Trump observéiert.
En Donneschdeg den Owend gouf zu Prüm d'Police alertéiert, nodeems en 19 Joer jonke Mann duerch d'Explosioun vu Krichsmunitioun schwéier verwonnt gouf.
E Freideg den Owend ware mam Patrizia van der Weken an dem Ruben Querinjean zwee Lëtzebuerger bei der zweetleschter Manche vun der Diamond League am Asaz.
Fir d'Biodiversitéit ze schützen, sollen op d'mannst 30 Prozent vun der Landesfläch ënner Naturschutz gestallt ginn.
E Mann ass an der Nuecht op e Freideg festgeholl gi wéinst enger Menace op TikTok, déi vun den Autoritéiten als méiglech Terror-Bedroung ugesi gouf.
D'Majoritéit vun de Sozialisten zesumme mat der CSV dierft wuel nach dëst Joer op een Enn kommen.
Well nuets ëmmer rëm ee geschellt huet, hunn d'Awunner vun engem Appartementshaus d'Police geruff. Den Täter ze pëtzen, huet intensiv Ermëttlunge gebrauch.
Wéi et säitens den däitsche Medien heescht, ass den Adel- a Royal-Expert e Freideg am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
Wéinst Onkloerheeten an engem neien Trump-Dekreet verschéckt d'Post keng Päck méi iwwer de klassesche Wee an d'USA – et gëtt awer duerfir eng Alternativ.
En 8-Sekonne-laange Video ass enger KI duergaangen, fir enger Fra hir Stëmm erëmzefannen.
Liewen am gëllene Käfeg wier net ëmmer einfach gewiescht, sou de Grand-Duc. Accordéiert Interviewe mat Lëtzebuerger Press op leschter Ligne droite ofgesot.
De leschte Wanter ware méi Leit mat der saisonaler Gripp geheit, wéi d'Jore virdrun. Dat confirméiert de Santésministère mat offizielle Chifferen.
Et kéint ee jo mengen, als Schauspiller hätt een eventuell den néidege Portmonni fir säi «Luxusliewen» ze finanzéieren. Ma vläicht och net ëmmer...
Wéi d'Police matdeelt, waren an de leschte Stonnen net just vill Onéierlecher ënnerwee, ma och eng Automobilistin, déi ze vill gedronk hat.
Zu Völklingen am Saarland, net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, war de 34 Joer ale Polizist nom Iwwerfall vum presuméierten Täter erschoss ginn.
Ronn eng hallef Millioun Leit géifen ënner katastrophale Konditioune liewen. D'Nout wier duerch déi systematesch Restriktioune vun Israel entstanen.
Sief et fir Blummen ze plécken, e bëssen ze spadséieren, Fotoen ze knipsen oder einfach d’spektakulär Atmosphär ze genéissen, dat kann een zu Bartreng.
Et gëtt Autosmarken, déi sinn an aller Mond, anerer si vill manner geleefeg bis quasi onbekannt. Zu där huet och SsangYong gehéiert.
Ponts et Chaussées deele mat, dass tëscht dem 25. an dem 28. August nuets d'Rue des Scillas deels fir den Trafic gespaart gëtt.
Well ronn en Drëttel vun der Populatioun all Joer online vill Geld verléiert, wëllt déi indesch Regierung Bezuel-Spiller am Internet verbidden.
D’Rentrée steet vrun der Dier a vill Studente sichen no engem Logement. Vu d’Kris zu Lëtzebuerg, gi wéi eng Léisunge proposéiert?
Schweden setzt op neiaarteg kleng modulär Atomreakteren, kuerz SMR.
E Camion voll Sprengstoff an eng preparéiert Dron sinn explodéiert. Hannert den Dote stieche warscheinlech Terroristen aus dem Drogemilieu.
Den 21. Juli hat de MEGA en neien an iwwerschafften nationalen Aktiounsplang fir d'Rechter vun LGBTIQ+ Persounen presentéiert, kuerz PAN.
Déi japanesch Stad huet virgeschloen, dass all Awunner, baussent der Schoul oder der Aarbecht, héchstens nach zwou Stonnen um Handy soll sinn.
Den Donbass spillt eng zentral Roll an ass fir d’Ukrainer net ze verschenken.
De Garer Quartier ass an de leschte Joren ëmmer méi amgaang, sech vu sengem problematesche Ruff ze léisen an erëm méi Liewen unzezéien.
No engem Iwwerfall op eng Tankstell zu Völklingen am Saarland ass e Polizist duerch Schëss ëm d'Liewe komm.
Am neien Zenter zu Wickreng, wou et virun allem alles ronderëm den Auto wäert ginn, hunn d'Pompjeeën en Donneschdeg den Owend eng Übung ofgehalen.
En Donneschdeg den Owend goufen d'Allersmatcher an der 4. Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun gespillt. Déifferdeng krut et do mat Drita ze dinn.
Et ass e Probleem, dee sech zanter Ufank Juni verstäerkt: ëmmer méi «falsch Daachdecker» sinn an der Stad an am Süde vum Land ënnerwee.