Um Mëttwoch Owend koum et bannent kuerzer Zäit am selwechten Eck vum Land zu 2 Accidenter, bei deenen all Kéiers eng Persoun verwonnt gouf.
Och wann et eng «gutt Reunioun» am Wäissen Haus war, géingen et nach vill Onsécherheete bei de Friddensverhandlungen am Ukrain-Krich ginn.
Eng militäresch Dron war an der Nuecht op e Mëttwoch am polneschen Uert Osiny an e Maisfeld gefall an explodéiert.
Mir brauchen e Plang, eng kloer Virstellung vun de Schrëtt, Rollen a Verantwortung vun allen Acteuren an dësem Krich, esou d'Olena Klopota.
De leschte Weekend huet d'Police eng gréisser Kontroll um Stauséi organiséiert, bei där eng Rei Verstéiss festgestallt goufen.
E Mëttwoch gouf et souwuel op der A13 op der Héicht vu Bireng, wéi och op der Cloche d'Or jeeweils ee Blesséierten.
D'Nouvelle, dass d'FLF en Nofollger fir de Luc Holtz fonnt huet, war der internationaler Sportspress méi wéi een Artikel wäert.
E Méindeg den Owend hat zu Déifferdeng e Mann e Grupp Jugendlecher dorop higewisen, datt si den Trottoir blockéiere géingen.
Am Kader vum Exercice MOUT («Military Operations in Urban Terrain») huet d'Lëtzebuerger Arméi um Botterweck en intensiven Training ofgehalen.
Joerzéngtelaang gouf et d'Déierenasyl Lexy Nilles um Lampertsbierg. Den 1. September mécht den Asyl zou. De Rescht vun de Kaze kënnt dann op Gaasperech.
E Freideg trëfft sech d'Weltelitt vun der Liichtathletik zu Bréissel. 2 Lëtzebuerger si mat um Depart, an net ouni Chancen.
Well et nach Onkloerheete gi bei den neien Zoll-Reegelen an den USA huet d'national belsch Post Bpost decidéiert, keng Päck méi an d'USA ze verschécken.
Kuerz viru sengem 104. Gebuertsdag ass den Designer vum legendären James-Bond-Logo e Sonndeg gestuerwen.
De Lëtzebuerger Dëschtennisspiller krut et mam héije Favorit Darko Jorgic ze dinn, an konnt dëse virun e puer Problemer stellen.
D'Lëtzebuerger Schwëmmer konnten op der Masters-WM zu Singapur mat 11 Medailen an 21 nationale Rekorder iwwerzeegen.
E Mëttwoch de Moie gouf den neien Nationaltrainer Jeff Strasser op enger Pressekonferenz um Siège vun der FLF zu Monnerech offiziell virgestallt.
An de leschte Stonne waren Abriecher um Sennengerbierg an zu Zéisseng aktiv. Zu Diddeleng an zu Waarken gouf iwwerdeems aus Autoe geklaut.
D'Police huet vun en Dënschdeg op e Mëttwoch dräi Automobiliste wéinst ze héijer Vitess an Alkohol hannert dem Steier aus dem Verkéier gezunn.
Déi eenzeg Course am Benelux op UCI WorldTour-Niveau feiert hiren 20. Anniversaire, a féiert iwwer 5 Etappen duerch d'Belsch an Holland.
Den nationalen an internationalen Autosmarché stécht weider a schwéieren Zäiten.
Am Lokalen mellt de CGDIS ee Blesséierten aus der leschter Nuecht.
D'Saison fir Uebst- a Geméis-Recolten ass amgaangen. A Südfrankräich gouf dës duerch héich Temperature staark gestéiert. Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?
E puer Schof just iwwert der Lëtzebuergescher Grenz zu Stadtkyll haten en Dënschdeg am Nomëtteg Gléck am Ongléck.
D'Kierch vu Kiruna am Norde vu Schweden ass déi lescht zwee Deeg integral verréckelt ginn.
De 5. a 7. August waren um Findel d'Passagéier vun zwee verschiddene Flich aus Athen kontrolléiert ginn.
No der Reunioun am Wäissen Haus hunn en Dënschdeg d'EU-Staats- a Regierungscheffe via Videokonferenz de Point gemaach.
Eng 177 Millioune Mënsche sollten dëst Joer am Fong humanitär Hëllef vun der UNO kréien, mee déi Zuel gouf op 114 Milliounen no ënne revidéiert.
Et kéint ee scho bal eng Serie maachen iwwer déi vill verschidde Masche beim Online-Bedruch.
D'Vereenten Natiounen hunn dëst als traurege Meilestee bezeechent a gewarnt, dass d'Afferzuel am Joer 2025 genee sou beonrouegend wier.
Iwwerschwemmungen a bis zu 6 Meter héich Welle sinn un der Ostküst vun den USA méiglech, warnt den National Hurricane Center (NHC).
De Kelsey Owusu krut wéinst sengem Foul um Yan Couto zwar net déi Rout Kaart, war dofir awer nom Match op Instagram rassistesche Bemierkungen ausgesat.
Wéinst der Integratioun vu méi kënschtlecher Intelligenz géing et eng intern Ëmstrukturéierung bei der Holding-Firma.
Déi fréier Plattform vu Gemenge géint d’Atomenergie lieft nees a wëll en Zeeche géint de «weltwäite Revival vun der Atomenergie» setzen.
Den Alkoholtest konnt beim Bäifuerer d'Promill net moossen, well d'Maschinn bei den erreechte 5 Prozent ausgaangen ass.
Trotz kuerzer Ënnerbriechung waren d'Staatscheffen nom Treffen e Méindeg positiv gestëmmt, dass kéint neie Wand an d'Verhandlungen ëm d'Ukrain kommen.