E Mëttwoch den Owend koum et zu engem Accident bei beim Touriste beléiften «Elevador da Gloria» zu Lissabon.
D'Philharmonie huet op Kritik um geplangte Concert vum Israel Philharmonic Orchestra reagéiert an ënnerstrach, datt et sech ëm e reng musikaleschen Evenement handelt ouni politesch Messagen.
D'Regierung schwätzt vu konstruktiven Diskussiounen an d'Gewerkschafte vun engem Echec. D'Patronat hätt sech méi laangfristeg Léisunge gewënscht.
Beim Tour duerch Groussbritannien gouf et op der zweeter Etapp eng Victoire am Sprint fir den Hollänner Olav Kooij. de Mats Wenzel ass mat virbäi.
Kritik um schweedesche CEO vun der Streamingplattform Daniel Ek gëtt et schonn zanter méi laangem.
Opgrond vun pro-palestinensesche Protester am Beräich vum Zil gouf d`Course 3 Kilometer virun der Arrivée ofgebrach an d`Zäiten do geholl.
Zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif viru bal zwee Joer hunn den Zuele vun der UNO no op d'mannst 21.000 Kanner en Handicap erlidden.
Dem fréieren Tour-de-France-Gewënner seng Fra huet verroden, dass hire Mann sech d'lescht Woch vill méi schwéier blesséiert hat wéi ugangs ugeholl.
E Mann, dee bei engem Spill an enger Schwämm zu Erlangen duerch e Ball blesséiert gouf, kritt no enger Geriichtsdecisioun keng Entschiedegung.
Däitsch Banken hate Medien no Payementer a Milliardenhéicht gestoppt, well si hinnen dubiéis virkoumen. PayPal schwätzt hei vun engem Programméierfeeler.
«D'Diskussioune bleiwe ganz schwiereg», well d'Positioune vun de Gewerkschaften a vum Patronat «wäit ausernee leien», esou de Premier Luc Frieden.
Dass Leit wéinst hirer sexueller Orientéierung oder hirer Gender-Identitéit Affer vun Diskriminatioun a Verbrieche ginn, ass och hei am Land eng Realitéit.
Op enger Pressekonferenz huet de Liichtathlet annoncéiert, dass hien no senger Participatioun op der WM an Japan seng Schong un den Nol wäert hänken.
E Sonndeg war ee Vol vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen vun enger GPS-Stéierung betraff.
De Séiaadler, dee viru Kuerzem aus dem Zoo vun Amnéville wärend engem Training fortgeflu war, ass nees sécher a sengem Doheem.
Russland huet an der Nuecht op e Mëttwoch op en Neits massiv Loftattacken op d'Ukrain lancéiert.
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf an der Rue Munster an der Stad en Abroch gemellt.
«D'Diskussioune bleiwen ganz schwiereg», well d’Positioune vun de Gewerkschaften a vum Patronat «wäit ausernee leien», esou de Premier Luc Frieden.
D’Regierung empfänkt e Mëttwoch de Moien um 10 Auer d’Gewerkschaften an d’Patronat fir eng drëtt Sozialronn am Staatsministère.
Kuerz no 6 Auer krute sech en Dënschdeg den Owend e puer Autoen op der A13 tëscht Helleng a Fréiseng ze paken. Dobäi goufen zwou Persounen blesséiert.
Déi chineesesch Natioun géif weider wuessen an de Fridden an d'Entwécklung vun der Mënschheet géingen triumphéieren.
En Dënschdeg, wärend d'Rettungsaarbechten op ville Plaze grad emol ugefaangen hunn, gouf et am Afghanistan e weidert Äerdbiewen.
5 Milliarden Euro wiere ronn 10 Prozent vun deem, wat eis Noperen aktuell all Joer u «Bürgergeld» ausginn.
Als «Hellhole» (Wuertwiertlech «Lach vun der Hell») huet den US-President d'Stad Chicago bezeechent.
Zu Marseille sinn en Dënschdeg fënnef Leit bei enger Messerattack blesséiert ginn, eng dovunner schwéier.
Viru knapp 4 Joer komplett erneiert an awer muss d'Pist um Fluchhafen wéinst dem schlechten Zoustand nees frësch gemaach ginn.
Den Australier hat op der Arrivée eng Avance vun 35 Sekonnen op de Pablo Castrillo a ronn eng Minutt op de Javier Romo.
Et geet ëm d’Sonndesaarbecht, d’Ouvertureszäiten am Commerce an net manner ewéi d’Zukunft vum Pensiounssystem.
D'Eltere sollen ënner anerem hiren Account mat deem vun hirem Teenager kënne verbannen a Verhalensreegele festleeën.
Et ass quasi schonn en historesche Moment an der Welt vun der Moud, d'Anna Wintour huet eng nei Leedung beim US-Magasinn Vogue annoncéiert.
No méi wéi dräi Méint Maintenance-Aarbechte lafen am Atomkraaftwierk zu Cattenom nees déi véier Reakteren.
Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte ass en Dënschdeg op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
Den Accident op der N15 e Méindeg den Owend war dee mat de meeschten Doudesaffer zanter ronn 36 Joer.
Bal 24.000 Donateuren hunn 2024 dozou bäigedroen, datt Médecins Sans Frontières Lëtzebuerg 7,6 Milliounen Euro u Spende sammele konnt.
Eng japanesch Fra an hiren 80er gouf ëm Dausenden Euro bruecht, nodeems si Online engem falschen Astronaut zum Affer gefall ass.