Wärend d’Tendenz an Europa eropgeet, nees Grenzkontrollen anzeféieren, gouf op der Plëss an der Stad un d’Wichtegkeet vun den oppene Grenze erënnert.
Italien wënnt 5:0 géint Estland, Frankräich ka sech knapp géint d'Ukrain behaapten.
Méi wéi néng Joer nom Doud vum brittesche Popmusiker David Bowie ass bekannt ginn, dass hien bis zu sengem Enn un engem bis elo onbekannte Musical geschafft huet.
Lissabon steet nom Accident mat der Standseelbunn “Elevador da Gloria”, dat 16 Doudeger gefuerdert huet, weider ënner Schock.
En Donneschdeg an e Freideg war d’Reunioun vun de Staatscheffen vun den däitschsproochege Länner an der Schwäiz.
D'Nummer 1 am WTA-Ranking Aryna Sabalenka trëfft e Samschdeg op d'Nummer 9 Amanda Anisimova.
Iwwer 186,9 Kilometer goung et vun Atherstone op Burton Dassett. Um Enn gouf et eng franséisch Duebelvictoire.
Et goung iwwer 2 Colle vun der éischter Kategorie an een Hors Catégorie. De Bob Jungels war bis 5 km viru Schluss mat virbäi. De Vingegaard bleift a Rout.
Kuerz viru 15 Auer gouf et op der A13 tëschent den Tunnellen Éilereng an Aessen en Accident mat zwee Gefierer.
De 16. September wäert et an der Chamberfinanzkommissioun ëm der CSSF hir Geneemegung fir israeelesch Staatsemprunte fir den europäesche Finanzmarché goen.
De Karschnatz ass dëst Joer gutt ausgefall, dee Bilan gouf e Freideg op den traditionellen «Erntegespräche» bei der Bauerekooperativ BAKO zu Housen gezunn.
Um Fluchhafen hei am Land wäert déi nächst Jore weider massiv investéiert ginn.
Eng Woch no Zandvoort an der Victoire vum Oscar Piastri op McLaren geet et dëse Weekend an der Formel 1 schonn direkt weider mam Grousse Präis vun Italien.
No der Rave-Party Enn Juli an enger Natura-2000-Naturschutzzon am Ourdall bei Hengescht ass d'Enquête vu Police an dem Dikrecher Parquet nach amgaangen.
Wéi d'FLF e Freideg an engem Communiqué matgedeelt huet, wäert de Sébastien fir d'WM-Qualifikatiounspartie e Sonndeg am Kader stoen.
En Donneschdeg respektiv an der Nuecht op e Freideg war d'Police ënnert anerem wéinst engem Iwwerfall a wéinst e puer alkoholiséiert Chaufferen am Asaz.
Fir d'Lëtzebuerger Spideeler schéngt et relativ eendeiteg ze sinn - et geet kee Wee méi laanscht d'Kënschtlech Intelligenz.
De Carlo Acutis, en italieenesche Jugendlechen bekannt als dem «Gott säin Influencer», gëtt e Sonndeg helleg gesprach.
En Donneschdeg den Owend waren d'Rettungsdéngschter op zwee verschidden Accidenter geruff ginn, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
Berichter no soll den Donald Trump e Freideg en Dekreet ënnerschreiwen, wouduerch de Verdeedegungsministère zum Krichsministère ëmbenannt gëtt.
Op der Basketball-Europameeschterschaft stinn déi 16 Ekippen fest, déi an den Aachtelsfinallen spillen.
En Donneschdeg den Owend koum et tëscht Rennes a Lorient zu engem Accident, an deen de Bus vun der Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp verwéckelt war.
Nieft de Roude Léiwen waren en Donneschdegowend och aner Nationalekippen an der Qualifikatioun fir d'WM am Asaz. Dorënner eis Belsch an Däitsch Noperen.
En Donneschdeg gouf am Kader vun der Qualifikatioun fir d'WM 2026 deen éischte Match gespillt. Fir Lëtzebuerg ass et dobäi doheem géint Nordirland gaangen.
En Donneschdeg den Owend koum et tëscht Rennes a Lorient zu engem Accident, an deen de Bus vun der Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp verwéckelt war.
No der Baisse vun de Präisser d'lescht Woch ass et beim 98er Bensinn a beim Diesel elo nees eng Hausse.
Dës Schratt vum US-President géif géint d'Verfassung verstoussen an de lokale Commerce schiedegen, heescht et ënner anerem an der Plainte.
Iwwer 144,9 Kilometer goung et vu Laredo op Corrales de Buelna. Um Enn sinn zwee Spuenier ganz vir. De Jonas Vingegaard bleift weider am roude Maillot.
Op d'mannst 26 Länner wëlle sech un engem méiglechen Asaz an der Ukrain bedeelegen, wann et zu engem Waffestëllstand mat Russland géif kommen.
«Et ass eise Wonsch, d'Texter fir d'Pensiounsreform an den nächste Wochen am Regierungsrot ze hunn a se bis Enn des Joers duerch d'Chamber ze kréien.»
Zu Lissabon koum et e Mëttwoch den Owend zu engem graven Accident mat der bekannter Stand-Seelbunn «Elevador da Glória».
Den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg huet missen eng Decisioun huelen, bei engem Mandat d'arrêt, wann en an engem aneren EU-Land decidéiert gouf.
D'Police krut en Donneschdeg en Trickdéifstall an der Stad gemellt. Deemno gouf d'Affer vun engem Mann no enger Zigarett gefrot a krut d'Kette geklaut.
De 6. September start déi nei Handballsaison an domat gëtt och den Nofollger vum Champion Red Boys Déifferdeng gesicht.
Véier Deeg nom uergen Äerdbiewen am Afghanistan huet d'Taliban-Regierung eng staark Hausse bei den Afferzuele gemellt.