Wie vu Süden, also vu Schieren hir, an Ettelbréck erafiert, dee kann dat grousst Gebai um Site vun der fréierer Zigarettefabrick net iwwersinn.
No 28 Méint Aarbechten dierft den 300m2 groussen Ausbau opgoen. Zil ass eng besser a méi séier Prise-en-charge vun den Noutfallpatienten.
Déi Lénk hunn e Freideg de Moie virun der Press kee gutt Hoer un der Politik vun der CSV-DP-Regierung gelooss.
Kuerz viru 14.40 Auer e Freideg krut d'Police eng Bomme-Menace gemellt, déi iwwer d'sozial Medie géint de Lycée Michel Lucius geriicht gi wier.
Am Virfeld vum éischte «Go electric day» hunn d'Klima-Agence an den ACL een Tëschebilan gezunn.
D'Struktur sollt eng Alternativ zum Centre de retention sinn, wat se a Wierklechkeet awer net wier, well een tëscht owes 11 a moies 8 Auer net eraus dierf.
Delhaize Lëtzebuerg rifft d'Muschele vun der Zort «Vénus blanche» zeréck.
D'Rettungsdéngschter haten am Laf vum Freide genuch ze dinn. Véier Persounen hunn no Accidenter mussen an d'Spidol bruecht ginn.
Dat waren e Freideg d'Fuerderunge vum Parquet an engem Prozess ëm en déidlecht Accident viru 5 Joer op der A7 am Tunnel Gousselerbierg.
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Ënnert anerem de Pascal Schumacher an d’Danae Dörken trieden am Trifolion op. De Festival dauert nach bis e Sonndeg.
D'Venezuelanerin gëtt geéiert fir hiren onermiddlechen Asaz fir d’demokratesch Rechter vum venezuelanesche Vollek.
De Carsharing soll hei am Land weider entwéckelt ginn. An deem Sënn hu sech d'Stad Lëtzebuerg an CFL Mobility SA zesummegedoen.
Mat engem Entréesticket a 7 verschidde Muséeë goen, an ënnerschiddlech Kollektiounen, oder awer och eng sëllege kulturell Performancen an Aktivitéiten erliewen.
D'Dikrecher Sportshal dierft nach bis d'Enn vum Joer zou bleiwen, dat well de Buedem vun der Hal sech gehuewen huet, no engem Waasserschued am September.
An der WM-Qualifikatioun trëfft d'FLF-Selektioun um 20.45 Auer op Däitschland. Den designéierte Favorit dierf sech dobäi keng Feeler erlaben.
Den 10. Oktober steet ganz am Zeeche vun de Muppen: treie Begleeder, flauscheg Frënn a kleng Helden am Alldag.
Am Hibléck op déi déif politesch Kris am Land gouf elo d'peruanesch Presidentin Dina Boluarte vum Parlament vun hirem Amt enthuewen.
Op der Pressekonferenz virum Lännermatch tëscht Däitschland a Lëtzebuerg huet eng Fro vun engem Journalist fir eng ongewinnt direkt Reaktioun gesuergt.
Et gouf Widderstand vu rietsextreme Regierungsmemberen, ma déi israeelesch Regierung huet fir déi éischt Phas vum US-Plang gestëmmt.
Onéierlecher waren en Donneschdeg nees ënnerwee, sou zum Beispill zu Bartreng an um Kierchbierg, wéi d'Police um Freideg de Moie mellt.
En Donneschdeg war den Optakt vum aktuelle Spilldag an der WM-Qualifikatioun
Nieft dem däitschen Nationalspiller hat de Serge Olmo am Virfeld vum Match och de Julian Nagelsmann, de Jeff Strasser an de Leandro Barreiro am Interview.
En Donneschdeg war den Optakt vun der 4. Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters an der Coque.
Der Hamas no ass de Krich an der Gazasträif eriwwer. Et hätt een Zousécherunge vun der US-Regierung, arabesche Vermëttler an der Tierkei kritt.
D'Erausfuerderunge vu muer an den Ëmgang vun deene Jonke mat dëse sinn Thema an dëser Editioun vum Kloertext.
«Den Här Meisch ass amgaangen eise ganze Schoulsystem, sou wéi mir e kennen, ze zerstéieren», esou d'Kritik vum Fred Keup vun der ADR.
Zwee Joer nom Ufank vum Gazakrich hätte sech also d'Konfliktparteie op d'Ëmsetzung vun der éischter Phas vum amerikanesche Friddensplang gëeenegt.
Déi däitsch Schauspillerin ass schonn den 28. September no engem graven Accident mam Vëlo gestuerwen.
D'Lëtzebuerger Aktivistin war vun israeeleschen Autoritéiten um Wee Richtung Gaza gestoppt, festgeholl an expulséiert ginn.
Virum Tournoi ass traditionell de Gala-Diner mat ville bekannte Gäscht. De Grand-Duc Henri krut dobäi e besonneschen Award iwwerreecht.
No den Auszeechnungen an den Naturwëssenschafte gouf en Donneschdeg den Nobelpräis an der Literatur verginn.
De RIAL-President Bernard Gottlieb hat en Dënschdeg de Moie bei eis op der Antenn vun enger antisemittescher Aggressioun geschwat, déi hie gemellt krut.
Den Ausseminister Xavier Bettel begréisst an engem Audiostatement un eis, datt no zwee Joer Krich en Deal fir Fridden am Noen Osten um Dësch läit.
Zwee Joer nom Ufank vum Gazakrich hunn d'Konfliktparteie sech op d'Ëmsetzung vun der éischter Phas vum amerikanesche Friddensplang gëeenegt.