Vun 1900 bis ugangs de 50er huet d'Karbidsluucht de Mineure vill gehollef. Sou och an der Minn zu Rëmeleng.
De Grupp Artea wäert den Hôtel des Postes wuel fäerdeg bauen, mee net exploitéieren.
Fir den Optakt vum 13. Spilldag konnt sech Biissen mat 3:0 géint de Racing behaapten.
Véier Deeg laang kënnen déi Jonk fuerschen, entdecken an erliewen, wat de Volet «Sciencen» esou alles ze bidden huet.
En Donneschden gouf d'Orange Week lancéiert, eng international Campagne géint Gewalt géint Fraen. An deem Kontext war um Samschdeg e Solidaritéitsmarsch.
Tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng an an a der Stad hat et gerabbelt. Dobäi goufen am Ganzen dräi Persoune verwonnt.
E méiglecht Enn vum Krich an der Ukrain dierf net iwwert deenen hire Kapp ewech decidéiert ginn, esou de Lëtzebuerger Ausseminister am RTL Interview.
Donieft gouf et kloer Victoirë fir Gladbach a Leverkusen. Den HSV huet sech zu Augsburg misse geschloe ginn.
Den aktuelle Wiederprevisiounen no muss een e Sonndeg am Nomëtteg uecht dinn, wann een dobaussen ënnerwee ass.
Déi europäesch Vertrieder hätten an de finale Rapport vun der Weltklimakonferenz keng gréisser Ziler kënnen integréieren, esou den Ëmweltminister.
En Donneschdeg de Moien ass e Medezin-Student zu Nanzeg um Bord vun der Autobunn A33 dout fonnt ginn.
E Freidegowend a Samschdegmoien ass erëm op enger Rei Plazen agebrach ginn. Dat um Belair, zu Biebereg, Nacher, Gréiwemaacher a Mamer.
Ierféierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach ëmmer. Am jéngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 fälschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer «geféierlech» wären, well d'Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechmëttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.
De Fransous ass am 2. Duerchgang vun der 14. op déi 1. Plaz no vir gefuer an huet sech d'Victoire geséchert.
Net just d'Temperatur, och d'Déckt vum Glas ass wichteg fir de Goût vum Béier. Dat hu japanesch Fuerscher unhand vun enger Etüd erausfonnt.
An e puer Fotosgalerië gi mer Iech en Abléck hannert d'Kulisse vum Vatikan.
BPCO ass eng Otemweeerkrankung. Hei zu Lëtzebuerg wären iwwer 40.000 Leit dovunner betraff. Eng Therapie iwwer e puer Méint kann hëllefen.
E Freideg de Moien ëm 11 Auer konnten d‘Forainen hir Buden opmaachen. D'«Winterlights» ginn dann och nach bis de 4. Januar.
No deeglaangem Reen am Vietnam ass d'Zuel vun den Affer duerch d'Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher op iwwer 50 geklommen.
Kuerz nom 50. Doudesdag vum spueneschen Diktator Francisco Franco sinn e Freideg den Owend honnerte Rietsextreem duerch Madrid marschéiert.
E Freideg war et erëm sou wäit: Den «Zuch vun der Demokratie» ass an d'Stad gerullt.
Op der Weltklimakonferenz a Brasilien konnt bis e Freideg den Owend nach keen Accord fonnt ginn. Deemno geet d'COP30 a Brasilien an d'Verlängerung.
Am Lokale mellt de CGDIS dräi Accidenter zanter e Freideg den Owend.
E Samschdeg de Moie fréi eiser Zäit ass de Qualifying fir de Grousse Präis vu Las Vegas gefuer ginn.
Am RTL-Interview verréit déi nei US-Ambassadrice méi iwwert hire Wee op Lëtzebuerg a wou si Parallellen tëscht den USA an dem Grand-Duché gesäit.
Nom Feier op der COP30 zu Belém en Donneschdeg, huet déi brasilianesch Police e Freideg iwwer Onreegelméissegkeete bei de Sécherheetsmesuren informéiert.
Um Pressebriefing huet hien déi gutt Zesummenaarbecht an Atmosphär am Ministerrot an tëscht de Fraktiounen vun de béide Parteien ervirgestrach.
Do wou Zaldote soss hir Exercicer an de Sport maachen, steet e Samschdeg alles am Zeeche vum Cyclocross.
Op der Polvermillen ass um fréie Freideg den Owend eng gréisser Policeaktioun.
D'FLF huet e Freideg d'1/8-Finalle vun der Coupe de Luxembourg geloust. Och d'1/4-Finalle vun der Coupe des Dames sti fest.
Zanter zwou Wochen ass den Nicolas Sarkozy net méi am Prisong, elo well hien e Buch iwwert seng dräi-Woche-laang Haft eraus.
Et wier ee vun de schwieregste Momenter an der Geschicht vun der Ukrain, esou de Wolodymyr Selenskyj an enger Usprooch op der ukrainescher Tëlee e Freideg.
E Mëttwoch 19. November géint 17 Auer gouf d'Police op eng Kläpperei op d'Paräisser Plaz an der Stad geruff.
Um Dikrecher Geriicht huet de Vertrieder vum Parquet e Freideg de Moien eng liewenslaang Prisongsstrof géint den 51 Joer alen Ugeklote gefrot.
An eiser Haaptstad, wou d'Urbaniséierung mat grousser Vitess virugeet, ass den Architekt Shahram Agaajani eng vun de kritesche Stëmmen.